Menu

Liesung fir d'Kanner (3+) op Lëtzebuergesch animéiert vun der Grousi Romaine

24. April 2024 | de 16h30 à 17h30 Code d'activité AT240424LU

Gratis Liesung fir d'Kanner (3 Joer+) op Lëtzebuergesch animéiert vun der Grousi Romaine
Präis: Gratis
Animateurin: Romaine
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fir d'Kanner ab 3 Joer.
Buch : "Monsteren am Gaart"
Hoscheit, Jhemp / Staudt, Vanessa

Meeschtens spillen de Miri an de Jodi, zwee Himmelsdéiercher, zesumme am Gaart. Awer eng Kéier wëllt de Miro mol eppes aleng maachen. Hie wëllt sengem Frënd beweisen, datt e keng Angscht huet. An dofir flitt en algen an dem Noper säi Gaart, wou en nach ni virdru war.Awer do ass et net esou, wéi hien sech et virgestallt hat. Hien erlieft eng béis Iwwerraschung. Do wuessen dach net nëmme Blummen! Do wunnen och grujeleg Monstere mat schaarfen Zänn a pickege Buuschten. Oder net?

- - - - - - - - - - - - - - - - - -
D’Kressida ass eng léif Fee, déi esou gär deenen aneren e Wonsch erfëllt. Leider héiert si net gutt a versteet net alles richteg. Dowéinst geet beim Zauberen esou munches schif ...
- - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - -
Umeldung: info@iletaitunefois.lu / Tel. 621.356.429
Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.
1-4) Charlotte
5)
6)
7)